NEWSLETTER
Cancel
Dat éischt Survcoin-Partenariat am Kader vum Pilot-Projet gëtt mat der Vël'OK-Plattform emgesat. Vël'OK ass en Service vun elektreschen Vëloen, déi an acht Gemengen am Süden vum Land de Bierger zer Verfügung gestallt ginn. Fir matzemaachen an Survcoins ze verdéngen andem Dir mat engem Vël'OK fuert, lued d'Survcoin-App vun dëser Saït erof.
Konzept
Vill Bierger sin, subal se mat der klimatescher Urgence konfrontéiert sin, bereet, vill méi Efforten ze ënnerhuelen fir hir Carbone-Emissiounen ze reduzéieren. Leider geet e wichtegen Deel vun deem gudde Wëllen mangels adequater Ureizer verluer. Op der anerer Seit sin di meescht vun eis besonnesch reaktiv op alles, wat engem monetären Ustouss ähnlech ass. De survcoin ass eng dediéert Währung déi op dëser Reaktivitéit berout: hie gëtt eis als Belounung verginn a Proportioun vun évitéierten CO2-Emissiounen. Dëss Récompensen quantifizéieren also de Decarboniséierungs-Mérite vun eisen Footprint-Reduktiounsinitiativen.
Fir der Drénglechkeet vun der Klimakrise Rechnung ze droen, gin déi den Teilnehmer ausbezuelten Survcoin-Montanten mat engem Koeffizient multiplizéiert, dén den Bäitrag vun dësen Aktiounen a Richtung Null-Carbone intégréiert, an et gëtt eng Prime addéiert op der Basis vun hirer Visibilitéit an hirer Exemplaritéit.
D’Survcoins, déi haaptsächlech am Kader vun Apps op Smartphones attribuéiert ginn, ginn eisen Treibhausgas-Reduktiouns-Efforten eng spilleresch Dimensioun (“gamification") andem se eng Emulatioun tëschent Teilnehmer herbeiféideren. Si sin als Belounung définéiert, berouhen also méi op Zockerboun ewéi op Peitsch fir d’Méi ze iwwerwannen, eis Ofhängegkeet vis-à-vis vun fossille Brennstoffer ze reduzéieren. Si stellen deemno e Wee a Richtung Entwinnung duer, deen nach net getest gouf.
Pilot-Projet
Fir de Pilotprojet zu Lëtzebuerg ze lancéieren, sicht Climate Action Blockchain Entreprisen, Organisatiounen a Gemengen déi un dësem eenzegaartegen Experiment wëllen deelhuelen. D'Partnerschafte konzentréieren sech op Produkter a Servicer, déi ausgewielt ginn op Basis vun hirem exemplaresche Dekarbonisatiounseffekt an deren Akaf oder Taetegung d’Ausbezuelen a Survcoins ausléist. Gläichzäiteg ginn Produkter a Servicer selektionnéiert, déi een bei Partner gënschteg géint Survcoins kann akafen. Esou get e monetäre Ökosystem an d’Liewe geruff deen d’Decarbonisatioun stimuléiert:
Erwaart Resultat vum Pilot-Projet ass, d'Machbarkeet vum Konzept bei Partner a Benotzer op der Basis vun engem Minimalproduit ze testen an de Modell ajustéieren virun engem Deploiement vum Survcoin op mi grousser Skala, deen fir 2019 virgesin ass. Dobei gin folgend Aspekter ënnersicht:
Newsletter
Wann Dir interesséiert sidd um Pilot-Projet zu Lëtzebuerg matzemaachen, kontakéiert eis w.e.g. mat Hëllef vun dësem Formulaire:
Den Survcoin gëtt am Joer 2018 als Pilotprojet zu Lëtzebuerg lancéiert. D'Teilnehmer kréien d'Méiglechkeet Survcoins bei Partner vum Projet ze erhalen an auszeginn. Dëse Projet gëtt vun der Associatioun Climate Action Blockchain gefouert, déi am August 2017 gegrënn gouf fir d'Potential vun der Blockchain fir Klimaaktioun ze exploréieren. Hien soll erlaben d'Machbarkeet vum Konzept ze testen a virun engem Déploiement op mi grousser Skala ze ajustéieren. Hie gëtt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt, deen hien am Kader vum Appel à Projets Yes we Care 2017, dären d'Gewënner den 8. Februar 2018 annoncéiert goufen.
De Survcoin ass eng Währung déi d’Beméihungen belount di mir ënnerhuelen fir eise Carbon-Footprint ze reduzéieren. D'Zil vum Projet ass dës Efforten ze stimuléieren an zebeschleunegen andeems hien se quantifizéiert an ze bezuelen. De Survcoin baséiert opder Blockchain, eng nei Technologie, mat deenen d'Bierger sech haut dezentral vertraglech a monetär Outilen kënnen ginn deren Zweck se selwer definéieren.
Den Survcoin gëtt am Joer 2018 als Pilotprojet zu Lëtzebuerg lancéiert. D'Teilnehmer kréien d'Méiglechkeet Survcoins bei Partner vum Projet ze erhalen an auszeginn. Dëse Projet gëtt vun der Associatioun Climate Action Blockchain gefouert, déi am August 2017 gegrënn gouf fir d'Potential vun der Blockchain fir Klimaaktioun ze exploréieren. Hien soll erlaben d'Machbarkeet vum Konzept ze testen a virun engem Déploiement op mi grousser Skala ze ajustéieren. Hie gëtt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt, deen hien am Kader vum Appel à Projets Yes we Care 2017, dären d'Gewënner den 8. Februar 2018 annoncéiert goufen.