Douce Mobilitéit stimuléieren
Déifferdénger Mobilitéitsprogramm fir Employeeën vun der Gemengeverwaltung
D’Stad Déifferdeng setzt e Pilotprojet ëm fir d’mobilitéitsbedéngten CO2-Emissiounen ze reduzéieren a fängt un mat de Mataarbechter vun der Gemengeverwaltung. MobiDiff genannt, baséiert en op den Survcoin, eng alternativ Währung, déi als Belounung fir bewährten Efforte fir den Carbon-Ofdrock bei Pendelreesen ze reduzéieren, ausgestallt gëtt an bei lokalen Commercen ausginn ka ginn.
Zesummefaassung: Benotzt fir Är Pendelreesen den Vëlo, Bus, Zuch oder gitt zu Fouss, verdéngt survcoins an tauscht se bei onsen lokalen Partneren géint verschidden Produiten an Servicer em!