MobiDiff

Tutorials, Linken, FAQ

Déifferdénger Mobilitéitsprogramm fir Employeeën

MobiDiff Survcoin Lëtzebuerg

App eroflueden

MobiDiff Support & FAQ

Wann dir technesch Problemer oder Froen hutt am Zesummenhang mat MobiDiff, kennt dir eis gären per Whatsapp kontaktéieren, andeems dir op dësen Knäppchen dréckt. Mir äntweren iech sou schnell wéi méiglech.

N.B.: Wann dir dësen Knäppchen benotzt, deelt dir är Telephonsnummer mat ons. Mir engagéieren eis är Donnéeën net un Drëtt Parteien weider ze reechen.

  1. D’App vun engem vun de Links uewendriwwer eroflueden
  2. Op Ärem Telefon op den Link klicken, deen Dir per Mail kritt hutt

D'Notifikatiounen weisen Iech datt Dir 2 Servicer am Hannergrond laafen hutt: een fir Bussen iwwer Bluetooth ze detectéieren an een fir Vëlosfahrten an Trajeten zu Fouss iwwert Beschleunigungsmeter a GPS ze detectéieren.

More app phone settings More app notification categories More app notifications

  • Jo, Dir kënnt se an Ären Telefonsastellungen onsichtbar maachen:

  • App Info > Notifikatiounen > Notifikatiounskategorien > Tracking

  • Jo, d'App brauch Internet fir ze funktionéieren.

  • Den Deplacement gëtt net ouni Internet um Telefon enregistréiert.

  • Eemol d'App opmaachen Ier Dir vun doheem fortgitt
    • Dëst erwächt d'Applikatioun an d’Sensoren vum Telefon offréieren eng besser Genauegkeet 
  • Eemol d'App opmaachen wann Dir op der Aarbecht ukomm sitt
    • Dëst frëscht de Status vun der App op an suergt dofir, datt d'Aarbechtsplaz enregistréiert gëtt och wann dir dobannen sidd, well wan d’App zou ass, gëtt de Standort nëmme enregistréiert wann den Telefon sech bewegt, net wann hien op engem Schreifdësch läit
  • D'Handysnummer ass aus Sécherheetsgrënn obligatoresch
  • E Spëtznumm an en Numm ginn beim Aschreiwen automatesch generéiert
  • De Spëtznumm kann ënnert "Detailen vum Member" geännert ginn
  • En Avatar-Bild kann opgelueden ginn
  • Localisitiouns-Donneeën gin ni gespeichert
  • Äntwerten op Quizzen oder Questionnairen kënnen gespeichert ginn, ausser wann préciséiert gëtt dass et sech em en anonymiséierten Quiz oder Questionnaire handelt
  • D'App sicht no speziellen Bluetooth-Balisen, déi an de Bussen installéiert sinn
  • All Bus huet en anere Code
  • Wann Dir an de Bus gitt, gëtt d'Signal detectéiert an d'Busikon gëtt gréng
  • Wann Dir méi wéi 4 Minutte mam selwechte Bus fuert, gëtt den duebele Pfeil gréng an Ären Deplacement ass valabel
  • Nodeems Dir aus dem Bus geklommen, hutt Dir 35min fir op d'Aarbecht / Doheem ze kommen fir d'Belounung ze kréien
  • Fir de Moment kënnt Dir de Bus mam Auto kombinéieren wann Dir P+R benotzt
  • Goën- a Vëlos-Detektioun baséiert op dem Telefon sengem Beschleunigungsmeter an op Standuertservicer déi am Hannergrond op Ärem Telefon lafen
  • D'Localisatioun an d'Geschwindegkeet ginn benotzt fir d'Aktivitéit ze detectéieren, an fir festzestellen dass den Start- an Ennpunkt vun der Pendelfahrt Doheem an Aarbecht sinn.
  • Kee Standuert gëtt jeemools gespäichert
  • D'Pendelfahrt oder -Marche huet méi laang wéi 2 Stonnen gedauert
  • D'Localisatiouns-Permissiounen sin net op "Allow all the time" gesat
  • "Am Gefier”-Aktivitéit gouf festgestallt
  • "Goën" oder "zu Fouss" oder "Vëlo" Aktivitéit NET festgestallt
  • Verdächteg héich Vitesse
  • Pendelfahrt méi kuerz wéi 150 m
  • Keng Internetverbindung
  • Heiansdo bleiwen e puer Telefonsmodeller fir eng Zäit an enger Zort Aktivitéit gespaart, normalerweis op "stëll" oder op "onbekannt"
  • Dëst huet näischt mat der App ze dinn, fir dat ze léisen sollt Dir probéieren den Telefon nei ze starten
  • Bluetooth ass um Telefon ausgeschalt
  • Localisatiouns-Permissiounen goufen net ginn
  • D’Busfahrt huet manner wéi 4 Minutten gedauert
  • Zwee verschidde Bussen ginn zur selwechter Zäit festgestallt
    • Wann en zweete Bus entdeckt gëtt ier Dir 4 Minutte gefuert sitt, gëtt den Deplacement zréckgesat (d'App mengt datt Dir an en anere Bus geklomme sitt)
    • Dir musst 4 weider Minutte fueren fir den Deplacement ze validéieren
    • Normalerweis sinn d'BLE Balisen kalibréiert fir nëmmen de Bus ofzedecken, awer d'Signal gëtt vu ville Faktoren beaflosst
    • D'Signal ass heiansdo e bësse méi staark fir och di méi voll Bussen ofzedecken, sou datt et heiansdo iwwert de Bus erausgeet
  • De Bus ass ganz voll an den Telefon ass wäit vun der Bus-Bluetooth-Balise
  • Keng Internetverbindung
  • Wann Dir d'App opmaacht wärend Dir am Bus sitt, garantéiert dat, datt d'Sensoren erwächt ginn, awer och, méi wichteg, den Telefon huet e bessert Bluetooth-Signal wéi wann et an Ärer Täsch ass
  • Méi an der Mëtt vum Bus sëtzen, dat heescht méi no bei der Balise, besonnesch wann de Bus voll ass

Mellt dat w.e.g. bei mobidiff@survcoin.lu oder benotzt den Knäppchen iwwert dësem FAQ fir mat eisem Support iwwert Whatsapp ze schreiwen