Wandturbin an engem Feld mat bloem Himmel, Survcoin Lëtzebuerg



Eng Währung fir d'Décarboniséierung ze stimuléieren

De Survcoin ass eng alternativ Währung di émettéiert gëtt fir eis Carbone-Ofdrock-Réduzéierungsefforen ze belounen an d'User ze engagéieren, langfristeg klimafrëndlech Behuelen ze adoptéieren.

Survcoin kréien an ausgin

Bei lokalen Partneren

Säin Carbon-Footprint moossen

Mat eiser Applikatioun

Initiativen fannen a lancéieren

Mat Firmaen oder Gemengen
Jean Lasar - Survcoin Lëtzebuerg
bg-grey

Konzept

D'Wertschöpfung nei définéieren fir op d'Klimadrénglechkeet ze äntwerten

D'Léisungen, déi bis elo vis-à-vis vun der Klimadrénglechkeet getest goufen, hunn eis net op de Wee gesat vun eng bedeitender Reduktioun vun den Treibhausgasemissiounen. Dofir gleewen mir datt et entscheedend ass, nei Methouden ze exploréieren, déi zu dauerhaften Verännerungen vun eisen carbonéierten Verhalen féieren kënnen. De Survcoin ass eng Währung déi konzipéiert ass, fir eng Neidefinitioun vun der Wäertschafung herbeizeféieren, andeems d'Aktiounen an d'Verännerunge vun de Gewunnechten, déi zur Dekarboniséierung bäidroen, rémunéréiert ginn.

Déploiement

Éischt Applicatioun: douce Mobilitéit

Fir déi alldeeglech Trajeten vu ville vun eis ass de Gebrauch vum Privatauto e wesentlechen Deel vun eisem Carbon-Ofdrock. Belounungen a Form vu Survcoins kënnen eis hëllefen, den Iwwergank op eng aktiv Mobilitéit (Trëppelen, Vëlo), op den ëffentlechen Transport oder op Carpooling anzeleeden. Eng App um Handy erkennt den gewielten Mobilitéitsmodus an attribuéiert de Benotzer Belounungen, di proportional zu den évitéierten CO2 Emissiounen sinn. Nieft de Produkter a Servicer, fir déi d'Benotzer a lokalen Geschäfter a Survcoin kënne bezuelen, profitéiere se vun enger zouverlässeger Miessung vun hirem Mobilitéitsverhalen an huelen un spillereschen Aktivitéiten deel, déi dozou bäidroen, di induzéiert Gewunnechtsverännerunge an der Dauer ze verankeren.
SoftCommute Lëtzebuerg - Tram
bg-grey

MobiDiff

MobiDiff, en Pilotprojet fir d'Trajeten zu Déifferdeng mi klimafrëndlech ze maachen

D’Stad Déifferdeng setzt e Pilotprojet ëm fir d’mobilitéitsbedéngten CO2-Emissiounen ze reduzéieren a fängt un mat de Mataarbechter vun der Gemengeverwaltung. MobiDiff genannt, baséiert en op den Survcoin, eng alternativ Währung, déi als Belounung fir bewährten Efforte fir den Carbon-Ofdrock ze reduzéieren, ausgestallt gëtt.

Les objectifs

Les objectifs

CO2 Emissiounen am Zesummenhang mat der Mobilitéit reduzéieren

D'Benotzung vun der doucer Mobilitéit bei den Employeeën fir hir Pendelreesen erhéijen.

Eng besser Gesondheet fir d'Mataarbechter

De Projet dierft e positiven Impakt op de kierperlechen a mentalen Zoustand vun de Mataarbechter hunn, doduerch datt se encouragéiert ginn, zu Fouss oder mam Vëlo op d'Aarbecht ze goen. An et geet nach méi wäit: méi Zäit dobaussen, manner Stress!

Den lokalen Commerce ënnerstëtzen

Survcoin, déi d'Benotzer verdéngen, kënnen se dann bei lokale Projetspartner ausginn fir en Ënnerhalt vun hierem Vëlo, fir e Kuerf Uebst a Geméis, e Kaffi am lokale Café...
Kontakt Ikon - Survcoin Lëtzebuerg
bg-grey

Dir wëllt aktiv ginn?

Schéckt eis e Message!

Ons Partner

Entdeckt ons Survcoin-Projeten an Aktiounen