
D'Benotzer kënnen d'Survcoin, di se verdéngt hunn an an hirem elektronesche Portemonnaie gesammelt hunn a lokalen Geschäfter ausginn, déi Partner vum Projet sinn: Bio Liewensmëttelprodukter, Kaffi oder Sandwichen an Caféen di matmaachen, Blummen, Planzen, Kleeder, Vëlo-Ënnerhalt ...
D'Gemeng Déifferdeng ënnerstëtzt dësen Decarboniséierungs-Loop andeem se d'Geschäftsläit rembourséiert déi beim Pilot matmaachen. Dës Belounungen stellen e reellen Ureiz duer fir zu Fouss ze goen, den Vëlo oder den ëffentlechen Transport fir engem seng deeglech Deplacementer ze adoptéieren. Doriwwer eraus plangt de Pilotprojet d'MobiDiff-Benotzer ze encouragéieren, laangfristeg klimafrëndlech Verhalen ze adoptéieren mat Animatiounen (Concouren, Challengen an aner spilleresch Szenarien) déi op d'Reduktioun vun den Treibhausgasemissiounen ausgeriicht sin. Domat soll MobiDiff eng Communautéit ginn, déi sech fir de Klima asetzt.

D’Initiativ vun der Gemeng Déifferdeng, der drëtter Agglomeratioun vu Lëtzebuerg, fir den Survcoin anzesetzen ass en Deel vun senge Efforen a Punkto Klimaschutz, ënner anerem am Kader vum Klimapakt a vum européieschen Netzerocities-Projet, un deem d'Stad deelhëllt. Et geet och drëms, op d'Problematik vum Parken am Stadzentrum ze réagéieren, besonnescht am Quartier vun der Märei.
Am Moment befënnt sech MobiDiff an der Beta-Phase, mat ongeféier drësseg Benotzer, fir de richtege Fonctionnement vun der Applikatioun ze garantéieren, besonnescht wat d'Detektioun vun den Pendelreesen ugeet. Mir wäerten an den nächste Méint de Projet op all d'Mataarbechter vun der Gemeng Déifferdeng expandéieren.
Konsultéiert eis MobiDiff-Support-Säit wou Dir Video-Tutoriellen an eis FAQ fannt.